Mir vum ¨Gëllenen Tratt¨, daat heescht 4 Kolleegen hun sëch am Summer 2023 zesummengedoen an eng Firma gegrënnt , déi sëch als Ziel gesaat huet aus natierlecher lëtzebuerger Woll vun liewegen Schof een eenzegartegen an fir eis Planzen wertvollen Naturdünger hierzestellen.
„Den Gëllenen Tratt“-Wollpellet ass och aus dem Gedanke enstan fir där Lëtzebuerger Woll nees een Notzen an eng sënnvoll Bestëmmung ze gi.
An eiser klenger Manufaktur gin an Handäerbescht op Basis vun lëtzebuerger Schofswoll an BIO-Hingermëscht kompakt Pellets hiergestallt.
Dës Wollpellets sin nët nëmmen deen perfekten Planzendünger, mee och deen idealen Buedemverbesserer an Waasserspaicher fir Äeren Gaart oder Bongert.
Ganz einfach direkt zu Schrondweiler, oder Dir kontaktéiert eis per Telefon oder Mail, mir liwweren och bai Iech heem.
Wëllt der eis Pellets selwer bai Iech am Gaart benotzen, dann bestellt se ganz einfach per E-Mail oder Telefon. Ass den Wee op Schrondweiler Iech ze wait, kënnt der Äer Pellets heem geliwwert kréien,
oder bai eisen Partner Old Tractor zu Kietscht, Krautgaart zu Stengefort, um Meyrishaff zu Baastenduerf oder Dudel-Magie zu Sprénkeng op der Plaaz kaafen respektiv bestellen.
Alle Rechte vorbehalten | Den gëllenen Tratt | designed by Skanikkel